Sunday 05th of September 2010

logo

FGDCA Zoom Editorial Zoom 02/2007 - Editorial
Zoom 02/2007 - Editorial
D’UNICA 2007 zu Liptovsky Mikulas ass erwiwwer an d’Resultat fir Lëtzebuerg léisst sech weisen: 2 Bronze-medaillen sinn erausgefall, 

an zwar:

  • fir den “Homotec” vum Guy BREDEN an Dan WEISER (C.A.L.)
  • fir den “Leben am seidenen Faden” vum Willy LANG (C.A.L.).

Mir félicitéieren natiirlech d’Auteuren zu hirem éirevolle Resultat a wäerten eemol an de kommende Wochen Geleeënheet kréien fir hinnen d’Medaillen, d’Coupen an d’Diplomer an engem wiirdege Ka-der z’iwwerreechen. Déi aner 2 Vidéasten

Gilles HUBERT (C.A.V.S. Réiserbann) mam Film “Alarm@SP.Réiserbann” an Guido HAESEN (C.A. Lëtzebuerg) mat “Entre ciel et terre” hunn net enttäuscht, ob schon si keng Medaill kruten. Dëst Joer hongen nämlech d’Medaillen eenorm héich, well de Jury nawell guer net mëtschgieweg war. Mee de Lëtzebuerger Programm war ganz gudd ukomm, à tel point, dass den UNICA’s-President Max Hänsli eis no der Projectioun spontan fir dee flotten an héichwäertege Lännerprogramm félicitéiert huet an direkt 3 Filmer zu weideren Aktiounen a Projektiounen gefrot huet.

Allgemeng ass de Programm vu Lëtzebuerg inclusiv de Presentatiounsfilm vum Robert GROSSKLOS (Studio 816 Hollerëch” geluewt ginn, an et ass ervirgestrach ginn, dass Lëtzebuerg elo op engem Niveau ass, fir mat den anere grousse Filmnatiounen matzehalen.

Et war just Schued, dass kee vun den Auteuren op der Plaz war, nët zulescht doerwéinst, well d’Präsenz vum Auteur bei der Selektioun vun de proposéierte Filmer fir eng Medaill eng Roll spille soll. (Ob jiddereen mat däer UNICA-Propositioun
d’accord ass, steet op engem anere Blad!). Ausser deem do Argument ëtt et natiirlech och nach aner gudd Grënn fir bei engem internationale ilmfestival derbäiszesinn, Grënn déi ech net midd ginn fir all Joer eemol an Erënnerung ze ruffen: et kann een net nëmme kucken, wat déi aner Auteuren op internationalem Niveau sou machen, mee et kann een aus anere Filmer och e ganze Koup léieren.

Ech sinn iwwerzeegt, dass mer an Zukunft eisen Niveau halen an hoffentlech och nach steigere kënnen; dat geléngt eis awer nëmmen, wann eise Programm méi variéert gëtt, z.B. mat engem Szenariofilm.

Setze mer eis also derhanner! Ech wënsche weiderhinn e kreativt Schaffen a vill Spaas mat eisem Hobby!

Louis SCHMITZ, President

Mise à jour le Mercredi, 24 Octobre 2007 23:36
 

UNICA 2011

Luxembourg 20.08.2011 18:00 349 Days

Animé par Joomla!. Designed by: Free Joomla Theme, .cc domain registration. Valid XHTML and CSS.