Sunday 05th of September 2010

logo

FGDCA Zoom Editorial Zoom 01/2007 - Editorial
Zoom 01/2007 - Editorial

Léiw Film- a Videofrënn,

Am Ufank vun engem neie Joer ass et erëm eng Kéier Zäit, fir an der Generalversammlung vun eiser Federatioun op dat vergaangent Joer zréck- an awer och no vir ze kucken.

D’Joer 2006 huet eng Rei vun Satisfaktioune bruecht, besonnesch dem Guido HAESEN seng Sëlwermedaill op der UNICA 2006 a Korea. Als grouse Succès kann een d’Organisatioun vum Benelux-Festival zu Clierf bezeechnen, wou nët nëmmen excellent Filmer op den Ecran koumen, mee och d’Filmamateuren aus deenen 3 Länner déck zefridde waren. Et hätte just vläicht kënne méi Lëtzebuerger sech d’Filmer ukucken, - den übleche Probleem!

Als Neierung hate mir d’Zesummeleeën vun dem Rees- a Valkanzfilm-Concours mat dem Nationalconcours op een eenzege Weekend, wat eng gudd Formule ass, well den Opwand nëmmen eemol ze machen ass.

Och Dezentraliséierung an d’Organisatioun an allen Ecke vum Land krut positiv Echoën: sou hätt d’Stad Dikrech z.B. d’Organisatioun vun den “Dikricher Filmdeeg” sou oft wéi méiglech. Clierf wëllt de Benelux-Festival 2009, an d’Schirener Kulturkommissioun organiséiert de Weekend mat béide Concouren 2007.

Als negative Punkt war d’lescht Joer den Ausschloss vun dräi Veräiner, bei deene weder eng Aktivitéit war, nach eng Reaktioun op eis Ufroë komm ass. Leider gesi mir eis laut Statuten gezwongen, dëst Joer nach ee Veräin auszeschléissen.

Par conter kënne mir en Erfolleg verzeechnen wat d’Integratioun vu jonke Leid ugeet. De Servivce National de la Jeunesse, deen ca. 45 Jugendhaiser coordinéiert, an deenen ënner anerem och Filmer gemach ginn, wëll Member vun der FGDCA ginn a kann soumatt déi bescht Produktiounen vu Jonker op de Concours National schécken.

Nom Concours National 2006 konnt d’FGDCA mam “dok. den oppene kanal” eng Konventioun ofschléissen, op Grond vun däer eis FIlmer gratis gewise kënne ginn. Mir hunn dee Programmblock “ZOOM TV” gedeeft; d’Konzept explizéiere mir an dëser Nummer.

Et soll een awer net vergeessen, fir allen offiziellen Instanzen, Sponseren an Donateuren e grousse Merci ze soen. Ouni hir Ënnerstëtzng wieren eis Manifestatiounen nët méi ze réaliséieren. Ech hoffe mat de Membren aus eisem Verwaltungsrot, datt mir um gudde Wee sinn, an dat all Veräiner dëse Wee mat eis ginn. Dann ass et mir fir d’Zukunft vun eisem Amateurfilm nët baang.

Louis SCHMITZ, President

Mise à jour le Jeudi, 19 Février 2009 10:27
 

UNICA 2011

Luxembourg 20.08.2011 18:00 349 Days

Animé par Joomla!. Designed by: Free Joomla Theme, .cc domain registration. Valid XHTML and CSS.