
| Zoom 03/2009 - E Bléck zréck an no vir |
|
D’UNICA 2009 ass eriwer: fir eis Lëtzebuerger Filmer dës Kéier zwar ouni Medaill mee mat engem duurchaus akzeptable Resultat, wann een et an de Gesamtkontext setzt. Félicitatioune fir de Willy Lang, deem säi Minuttefilm “Der Tenor” den 3. Präiss krut. Dat mam Georges Fondeur Lëtzebuerg säin éischten UNICA-President krut, freet eis natiirlech besonnesch, a mir wëlle vun dëser Plaz aus eisem Éirepresident all Guddes an eng glécklech Hand an däer neier Missioun wënschen. Den ausféierleche Rapport vum Delegéierten fannt Dir als Annex. No eisem BENELUX Filmfestival am Mee zu Clierf, dee vun der filmescher Säit gekuckt e volle Succès war - et ware 85 Filmer mat enger Gesamtdauer vun iwwer 22 Stonne Projectiounszäit, kommen ech net derlaanscht, fir de Mangel un Interessi vun eise Videasten ze kritiséieren. Och wann d’Participatioun vu Lëtzebuerger Filmer souwuel wat d’Quantitéit an d’Qualitéit ugeet, nach an der Rei war, sou war d’Präsenz vun de Lëtzebuerger Videasten minimal. Ass den Interessi um gudde Film effektiv sou minim? Et kann dach net sinn, wann ee Filmer vun enger gewësser Qualitéit présentéiert kritt, dat een sech net beweegt, fir mol ze kucken, wat filmesch am noën Ausland gebuede gëtt. Et ka jo och net sinn, dat Clierf ze wäit ewech ass, oder? Ass et éire méi wäit vun der Stad oder vun Diddeléng op Clierf wéi ëmgedréit? Vläicht kënnt een och unhuelen, mir hätte keng Filmkultur méi hei am Land. D’Organisatioun vun sou engem Concours kascht net nëmmen eng Stang Geld, mee och e ganze Pak Arbecht. An d’Organisateure machen dat jo net fir e Selbstzweck, mee et geet nët nëmmen dorëm, fir Eech Vi-deasten ze erlaben, Är Produktioune mat deenen aus eisen Nopeschlänner ze meessen, awer och fir Eech eng Geleeënheet ze ginn, fir Eech iwwer dat, wat am Ausland um Niveau Auteursfilm geschitt, z’informéieren. Wa mir no vir kucken, da stinn als nächst de 14. a 15 November Dikrecher Filmdeeg mat der Final vum Rees- a Vakanzfilm an dem Nationalconcours an d’Haus. Mir hoffen natiirlech op eng gudd Participatioun. Op allgemenge Wonsch organiséiere mir de 5. a 6. Dezember e Jury-Workshop mam Bernhard Lindner, Chef-Juror a Responsablen fir d’Juryen beim BDFA. Mat dëser Initiative hoffe mir, nach besser Juryen ze forméieren an nei Leid fir Juroren ze fannen. Op laang Siicht steet d’Organisatioun vun der UNICA 2011 an d’Haus. Hei sinn all Kräfte gefuerdert, fir dat dëst Megaevent gudd iwwer d’Bühn geet. Mir zielen op Är Mathëllef. Éischt Detailer heibäi. Ech wënsche Eech gudd Filmer fir de “Rees- a Vakanzfilm-Concours” a fir den Nationalconcours. Bis zu Dikrich dann Louis SCHMITZ, President |
| Mise à jour le Samedi, 17 Octobre 2009 15:32 |
UNICA 2011
Latest News
Popular

Animé par Joomla!. Designed by: Free Joomla Theme, .cc domain registration. Valid XHTML and CSS.