
| Zoom 02/2009 - Iwwer Bierg an Dall .... |
|
Wéi a ville Beräicher gëtt et och bei der FGDCA “des hauts et des bas”, also eng Rees iwwer Bierg an Dall, wann een dat kuckt, wat dëst Joer bis elo gelaaf ass. Den Héichpunkt vun eisen Aktivitéiten war bis elo ouni Zweifel de Benelux Filmfestival zu Clierf mat net manner wéi 88 Filmer an enger Gesamtprojektiounsdauer vun ca. 23 Stonnen. Mee net aleng d’Quantitéit zielt, mee virun allem d’Qualitéit. An hei muss ee soën, dat de Benelux Filmfestival ëmmer e Gradmiesser um internationalen Niveau duerstellt. Allerdings sinn och eenzel Filmer qualitéitsméisseg däitlech ofgefall. Dat heeescht an anere Wierder, dat d’Présélectioun an Zukunft vill méi streng gi muss, well dëst Joer war d’Limite erreecht: dem Jury an dem Public konnt een net vill méi zoumudden. Besonnesch iwwerlaang Dokumentarfilmer hu vill Zäit ewechgeholl. Positiv war dat gudd Ofschneiden vun e puer Lëtzebuerger Filmer, a wat besonnesch Freed mecht, vu jonken Auteuren. Klenge Bémol: wann insgesamt manner Leid op der 2009er Editioun waren, wéi virun 3 Joer, sou muss een zudéifst bedaueren, dat rose wéineg Leid aus de Clibb de Wee op Clierf fonnt hunn, fir sech mol dat unzekucken , wat sou an anere Länner - d’Belsch an Holland sinn net däer mannster - an der net professioneller Videoproduktioun gebuede gëtt. “Les absents ont eu tort!” D’FGDCA ass mat 5 Filmer op der UNICA vertrueden, déi dëst Joer vum 3. bis 13 September zu Danzig a Polen ofgehale gëtt. Mat “Passengers (Nadia Masri), “Blind Date” (Jérôme Boor), “Anno Domini 987 - Sancte Michael” (CVF Réiserbann) an The Wonderhorn” (Guy Breden, Dan Weiser) weise mir en ausgeglachene wéi och variéierte Programm mat 2 JEUNESSE-Filmer. Mat dem Willy Lang sengem “Tenor”, deen och an Däitschland fir d’UNICA sélectionnéiert gi war, hu mir eise Vertrieder am Minute Movie Cup. E besonneschen Moment wàert awer d’Wiel vun eisem Eirepresident Georges FONDEUR zum UNICA-President ginn, ass et dach déi éischte Kéier dat ee Lëtzebuerger un der Spëtzt vum internationale Verband steet. Mir wënschen elo schons all Guddes fir déi nei Missioun! Iwwer de Rees- a Vakanzfilmconcours fannt Dir den Dépliant als Annexe; de Concours National 2009 gëtt sonndes de 15. November zu Dikrech am Ciné Scala ofgehalen. Bis dohinn: nach eng schéi Vakanz an intressant Filmer! Louis SCHMITZ, President |
| Mise à jour le Vendredi, 18 Septembre 2009 07:53 |
UNICA 2011
Latest News
Popular

Animé par Joomla!. Designed by: Free Joomla Theme, .cc domain registration. Valid XHTML and CSS.